Diese Seite wurde mit Jimdo erstellt!

Mit Jimdo kann sich jeder kostenlos und ohne Vorkenntnisse eine eigene Homepage gestalten. Design auswählen, Klick für Klick anpassen, Inhalte in Sekunden integrieren, fertig!
Jetzt unter de.jimdo.com für eine kostenlose Webseite anmelden und sofort loslegen.


De weltwäit eemolegen a weltbeschten

Jonn Happi

presentéiert

de weltbeschten a weltwäit eemolegen 

CIRCÜS TONNARELLI

Berdorf: 17, 18, 19, 20 & 21 Mee 2023

Kautebaach: 2, 3, 4 Juni 2023

Fuussekaul: 16, 17 & 18 Juni 2023

 

TICKETS

 

De Serge Tonnar a seng Band associéiere sech mat der Konschtfigur Jonn Happi fir e weltwäit eemolegen a weltbeschte Spektakel op d'Been ze setzen, mat deem si 2023 op Tournée ginn. 11 Optrëtter op 3 Plazen am Land. Mam Zirkuszelt geet et op de Camping, de Publikum kann esou och nom oder virum Optrëtt d'Nuecht um Camping verbréngen, Kultur & Vakanz doheem, ganz nohalteg an d'Police huet och manner ze dinn.

Am Mëttelpunkt vum Programm stinn déi weltbescht a weltwäit eemoleg Lidder vum Serge a senger Band. Et wär also eppes wéi e gemittleche Concert an engem flotte Kader, wann do net de Meeschter vum Haus (oder vum Zelt) wär, den Zirkusdirekter, de Showmaster, den MC, de weltwäit eemolegen a weltbeschten Jonn Happi. Wëll hien de Museker d'Show klauen? Oder sinn et d'Museker, déi hien an de Schied setze wëllen? Et entsteet e Spannungsfeld tëscht de Kënschtler an den Disziplinnen: Musek, Kaméidi, Jonglerie, Slapstick, Zirkuskonscht, Cabaret… De Publikum gëtt, ob e wëll oder net, mat eragezunn a muss selwer entscheeden, ob et fir ze laachen, oder fir ze kräischen ass.

 

Marc Strasser: Jonn Happi

 

Serge Tonnar: Gittar a Gesang

Rom Christnach: Bass

Eric FalcheroPiano

Dirk Kellen: Batterie

 

Kostümer: Sophie Meyer

Visual: Antoine Grimée

Layout: Fabi

Billeterie: Mirka Costanzi, Sabine Tonnar

 

Eng Produktioun vun Maach keen Zirkus asbl

An Zesummenaarbecht mat MASKéNADA

 

 

Mat der Ënnerstëtzung vum Kulturministère Lëtzebuerg

 

D'Aschreiwungen sin op